View
337
Download
53
Embed Size (px)
DESCRIPTION
Magazine du Musée national d’histoire naturelle du Luxembourg pour jeunes intitulé « Panewippchen »
Citation preview
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt: Ministère de la Culture, de l’Enseignement supérieur et de la Recherche -
Musée national d’histoire naturelle - ‘natur musée’ - Ministère de la Famille et de l’Intégration - Service National de la Jeunesse -
Ministère de l’Environnement - Administration de l’Environnement -Administration des Eaux et Forêts - Ministère de la Santé -
Ministère de l’Intérieur et de l’Aménagement du Territoire - Ministère de l’Education nationale et de la Formation professionnelle
www.naturmusée.luwww.panda-club.lu
‘natur musée’ - 25, rue Münster - L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
De PanewippchenD
e P
ane
wip
pc
hen
gë
tt o
p c
hlo
rfrä
i ge
ble
ec
hte
Pa
be
ier g
ed
réc
kt.
N°84 3/2008N°84 3/2008
Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
2
Naturführer fir Kanner: Muscheln, Schnecken, Krebse und Schildkröten.
Alles iwwert déi heefegst Muschelen a Schleeken, vill Spiller, Bastlereien an Experimenter.
Täschebuch 18x13 cm am Verlag Dorling KindersleyISBN-10: 3831004579ISBN-13: 978-38310045775 Euro
Hëllef fir d’FlosspärelmuschelHei zu Lëtzebuerg päift d’Flosspärelmuschel aus dem leschte Lach (kuck de Panewippchen 1/2008). Dofir probéiert d’Stëftung Hëllef fir d’Natur d’Flosspärelmuschel op der Kaalber Millen ze ziichten. D’Larve vun der Muschel ginn am Summer gefaang an duerno an e groussen Aquarium bei Baachfrelle gesat.
Dës Larve setze sech dann an de Kiemen vun de Frelle fest, wou si sech zu enger Muschel entwéckelen. Déi jonk Muschelen, déi am Fréijoer vun de Frelle roffalen, ginn agesammelt an duerno a speziellen Dëppercher an e Gruef gesat, wou si iwwerwaacht ginn. An der Natur stierwe ganz vill Flosspärelmuschelen als Larv oder als ganz jonk Muschel. No 5 Joer sollen d’Muschelen da rëm an der Our ausgesat ginn. Mat dësem Projet hoffen d’Naturschützer genuch Muschelen ze ziichte fir datt dëst interessant Déier bei ons iwwerliewe kann.
Komm mat denger Famill an denge Frënn a verbréng de ganzen Nomëtteg mat Spiller an Atelieren iwwert d’Natur, de Weltall, d’Déieren an d’Planzen.
Gratis Entrée an den ‘natur museé’.Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.Vu 14.00 bis 18.00 Auer an der Rue Münster am Gronn
Redaktiounscomité: S. Backes, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, M. Kirsch, S. Majerus, M. Reichard, F. Theisen, M. Ursone, Y. Wagener. Texter: P. Armborst, P. Diederich, S. Goerens, C. Greisen, S. Hagen, C. Heidt, M. Kirsch. Grafik an Illustratioun: P. Diederich, S. Goerens, S. Hagen. Fotoen: ©‘natur musée’, ©shutterstockWëssenschaftleche Rot: A. Faber, D. Fuchs, Ministère de la Santé, P. Putz.D’Texter goufen duerchgelies vum P. Michaely
Text: Sylvie Hagen, Claude Heidt
oktober-Dezember 2008vum 9. Oktober un am ‘natur musée’:
Eng Ausstellung iwwert d’»Mëlldéieren» mat den haarde Schuelen.
Klamm an e Schleekenhaischen eran, kuck de liewegen Nautilussen no, bewonner dee gréissten Ammonit vun der Welt an déi risegrouss Origaminautilussen, sich am Sand no Muschelen a géi ënnert dem Risekalamar duerch, deen iwwert
dengem Kapp hänkt.
Verbréng mat dengen Elteren a Frënn e puer Stonnen an der faszinanter Welt vun de Muschelen, Schleeken an Tëntefësch.
Hues de héieren?
Lo maache se mol endlech eppes
fir eis!
Ma ‘t gëtt
awer och héich Zäit!
Wat ass am `natur musée´ lass?
Projet Kaalbermillen
Coquilles coquinesHARTE SCHALE, WEICHER KERN
Impressum:
Bicher:
Panda Fest
Wupp News
Panda Familjefest am GronnSonndeg, de 14. September 2008
Redaktioun «De Panewippchen»
am Muséeam Gronn
3
Onse Reporter Sherlock Panewupp ass direkt op déi Plaz gefuer, fir dat schlëmmt Verbriechen opzeklären an huet do eng Dréischel begéint.
Gudde Moien. Hues Du gesinn, wien
déi Schleeken hei ëmbruecht huet?
Jo, hei ass mäi Restaurant an um
Menu sti bal all Dag Schleeken!
Du bass also de
Schëllegen!
Schwetz net sou domm, well Du hues
dach elo grad e puer Insekte giess. Du
wëlls jo och net als Mäerder vernannt
ginn.
Wéi hues Du déi Schleeken dann aus hirem Haus
kritt?
Ech hunn hinne Salz op de Schwanz gestreet an du si se raus
komm.
Egal wat! Schleeken hunn dach guer kee Schwanz!
Äddi Du Schnëssert.
Also déi Schleeke verstoppe sech direkt an hirem Haus, wann ee bei se kënnt. Well ech awer mat mengem Schniewel déi Schleeken- haisercher net futti kréien, hunn ech mir e Super-Trick afale gelooss! Ech huelen d’Haiser an de Schniewel a schloe se sou laang op e Steen, bis se futti sinn. An da kann ech d’Schleeke friessen. Du gesäis, mir Dréischele sinn also ganz gescheit Vullen an net sou topeg wéi Panewippercher.
Hëllef Panewippchen!
Et si just nach futtis Haiser vun hinnen iwwereg. Fänk w.e.g.
all meng Kollegen ëmbruecht.
Um Bëschrand huet e Monster
de Killer an!Merci
Schleimi Schleek
Haut hu mir dëse Bréif kritt.
HA HA
HA HA
Amsel, Drossel,
Fink u-und Star
und die
ganze Voge-elschar …
Aha - hei ass et!
Dréischel, Singdrossel, Turdus philomelosHien ësst ausser Schleekennach Wierm, Insekten an
Leider lande vill Dréischelen
Uebst.Hie séngt ouni midd ze ginn
uewen an de Bamspëtzten.
Hien iwwerwantert a Süd - Frankräich a Spuenien.
do um Teller.
Text: Claude Heidt
Schleeke-Killer?
4
1) Muschelen D’Muschele gehéieren an d’Kategorie vun de «mëllen Déieren» oder «Mëlléieren».
Wéi de Numm «Weichtiere»
oder «Mëlldéieren» et
scho seet, besteet eng Muschel aus engem «mëlle» Kierper; dëse
«mëlle» Kierper ass vun zwou haarde Kallek-Schuelen ëmginn, déi de Kierper virun all
méigleche Gefore schützen.
Tëscht deenen zwou Klappe fënnt een
de «Mantel» vun der Muschel.
Déi baussechst Fal um Rand bild d’Schuelenhaut; an der zweeter Fal
sinn déi 5 Sënner. Déi bannenzechst Fal reegelt de Waasserstroum am Mantelraum an an de Kiemen.
Muschele liewen am Waasser an ootme net wéi mir mat Longen. Si „ootme“ mat Kiemen, déi de Sauerstoff aus dem Waasser ophuelen.
Wann d’Muschelen hongerech sinn, strecke si einfach eng verlängert “Zong” (Sipho) eraus a kënne sou Eenzeller, Eeër, Larwen an anert klengt Gedéiesch oprafen an iessen.
Wat heescht hei Mëlldéieren? Wat ass dann
do lo mëll?
Muschele gëtt et an alle Formen
an Zorten: et gi «ronn», «oval» a suguer «spatz»
Muschelen.
D’Schleeken hunn awer nëmmen 1 sou eng haart Schuel fir sech ze
schützen!
Toc Toc Toc!!Ass een do?
Ah nee, et ass jo just eng hallef Muschel. an do wunnt
kee méi dran.
Sinn ech dann
elo spatz oder ronn?
Sand
WaasserSipho
Mantel
Daarm
Fouss
Mo
Mond
Häerz
Kiemen
Fir sech ze beweegen hunn d’Muschelen e spezielle „Fouss“. mat deem se sech séier agruewe kënnen. Domat krauchen a sprange si souguer.
Muschelen a Schleeken, baussen haart, banne mell
2) Schleeken D’Schleeke gehéieren och an d’Kategorie vun de «mëllen Déieren» oder «Mëlldéieren» .
Wéi d’Muschele besti si och aus engem «mëlle» Kierper. D’Schleeken hunn awer keng zwou Schuelen, si sinn duerch hiert Haische geschützt.
Et gëtt och Schleeken, déi keen Haischen um Réck hunn, dës Schleeke ginn “Nacktschnecken” (plakeg Schleeken) genannt.
D’Haische vun de Schleeke besteet aus enger Rei vun Dréiungen, déi eng Spiral bilden.
D’Haische vum Schleek fänkt schon am Ee un ze wuessen. Wat dee klenge Schleek méi Kallek aus sengem Iesse kritt, wat säin Haische méi stabil a resistent géigeniwwer de Feinde gëtt.(Vullen, Igel, …)
Wann s du e Schleek op eng Glasplack setz
a vun ënne kucks, da gesäis du déi welleförmeg
Beweegunge vum Muskel.
D’Schleeke kommen eraus, wann et reent; dann ass de Buedem naass an de Schleek ka gutt iwwert de
Buedem rutschen.
Reent et net, mussen d’Schleeke sech selwer
weiderhëllefen: mat speziellen Drüse produzéiere si ee Schläim, deen hinnen hëlleft virunzekommen, och wann de Buedem net méi glëtscheg ass. En anere Virdeel ass, datt de Schläim pecheg ass, wat dem
Schleek hëlleft, fir iwwer Äscht a géi Maueren ze kommen.
Fir an der Vakanz beim Mier:
Wéi séier beweegt e Schleek sech?
Mol mat Neellack e Krees ronderëm eng Napfschnecke um Fiels. No der
nächster Flut kucks de dann, wéi wäit däi Schleek sech duerch
d’Bascht gemaach huet.
Wéi, d’Schleeke sinn
och «mëll»?
Ech sinn dee Schleek, deen dir dacks
am Gaart oder um Weerand gesitt, de Wéngerte-
schleek (Weinberg- schnecke).
Do mierkt een awer datt
s du e Vull bass! Neen, mir Schleeken hunn e «Saugfouss» mat deem mir
eis festhalen.
An d’Waasserschleeken dann, brauchen déi dann
lo een Anker, fir sech fest ze halen?
Wëlls du eppes fir unzedoen?
Gëtt et dir net dronken dobannen?
Nee merci, dat geet schon
esou!
Héi Klengen, wëlls de e bësse
Kallek, fir ze wuessen?
Ech däerf dach och
spazéiere goen, oder?
Neen, an du, hues du keng
Héichtenangscht wann s du flitts?
Aua!
Muschelen a Schleeken, baussen haart, banne mell:
5
66
3)"Kappfeissler"(cephalopodes)...
…sinn Déieren, déi Fänkäerm un hierem
Kapp hunn. Et gëtt si schons zënter 500 Millioune Joer op eiser Äerd.
D’Kraken, d’Kalmaren an d’Tëntefësch gehéieren zum Beispill zu dëser Zort Déieren.
D’Kapféissler liewen am Mier a si Fleeschfriesser. Si iessen haaptsächlech Muschelen, Fësch a Kriibsdéieren. Fir ze friessen hale si hirt Affer mat hire Fänkäerm fest. Dës speziell Äerm nennt een Tentakelen. Et ginn Déiere mat aacht oder suguer 10 Tentakelen.
Fir sech am Waasser ze
beweege brauchen d’Kappféissler
nëmme mat hiren Tentakelen ze “schloen”,
sou kënne si perfekt schwammen a renkelen. (Kuck och de Réckstoussprinzip
op der Säit 18).
Ee «Weichtier» oder «Mëlldéier» ass also…
… en Déier, dat kee fest Kierpergerüst (Skelett) huet. Dat ass och de Grond firwat
d’«Mëlldéiere» sech an all Richtunge béien a krëmme kënnen.
Hire mëlle Kierper muss awer virun all
méigleche Friessfeinde geschützt ginn; dofir hunn d’Muschelen hir
zwou Schuelen, déi si bei Gefor einfach
zouklappen. De Schleek zitt sech a säin Haischen zréck.
Bei de Kappféissler ass dëse Kallekschutz
bannen. Dat ass dat Stéck, dat bei de Kanarievillercher am Käfeg hänkt a wou se hiere Schniewel dru wetzen. Sie knabberen dës Sepiaschuel fir Kallek ze kréien.
Text: Pascal Armborst
Maach d’Äerm iwwert
dem Kapp zesummen...
Oh, schwamm wéi s du wëlls!
Eng Ritterrüstung wär och gutt fir sech ze schützen, mee am
Waasser rascht se!
Dat solls du awer, dat ass eng «Sepiaschuel oder
Schulp» an do ass vill Kallek dran.
Stees du dann elo op der
Kopp?
Mmhh? E gebrodene Cephalopod, oder wëlls
du däi Kappféissler léiwer a Rondele geschnidden a
frittéiert?
Wéi eng Äerm?
A jo, du hues jo e
puer Puer Aërm!
Hmm???
Héi, mir Kanarievillercher si
Kärefriesser!! Dat do iessen ech net!
Muschelen a Schleeken,
baussen haart, banne mell:
7
Ammonite gehéieren zum Grupp vun den
ausgestuerwene „Miereskappféissler“. Et gi bis 40.000 Aarten!Hiirt ‚Haischen’ ass dacks nëmmen e puer Zentimeter grouss, et goufen awer Schuele fonnt, déi méi grouss ware wéi 1 Meter! Dat gréisstent Haischen, dat bis lo fonnt ginn ass, huet en Duerchmiesser vun 180 Zentimeter a weit 3,5 Tonnen!!
Dee Risenammonit ass «Fossil vum Joer
2008» a gouf 1895 an engem Steebroch am Münsterland an Däitschland fonnt. Vum 9. Oktober 2008 u kann de Risenammonit am ‘natur musée’ an der Ausstellung «Harte Schale, weicher Kern» bewonnert ginn.
Déi allergréisste Krak, déi bis elo fonnt ginn ass, huet am Nordatlantik gelieft an ass 16,8 Meter laang! (wann een d’Spannweit miesst vum hënneschten Enn bis zu der Tentakelspëtzt). Dës Krak weit knapp 2 Tonnen!
Fir sech festzehalen oder eppes ze fänken, hunn d’Risekalamare Saugnäpf, déi sou grouss wéi Zoppentellere kënne ginn…
…also am léifste kenger Krak begéinen…
De „Purpurschleek“ gouf fréier benotzt fir Faarf ze maachen. Dësen aussergewéinleche Schleek huet nieft senger Otemhiel eng
Drüs, déi ee gielzege Schläim mécht. Dëse Schläim gëtt an der Sonn fir d’éischt gréng, da blo a schlussendlech purpur (donkelrout). Dobäi sténkt e ganz eekeleg a laang …Di Réimesch Senatoren hunn eng ‚Toga’ gedroen, déi mat dësem Schläim gefierft ginn ass; um Ufank war dëse
gefierfte Stofft nach gréng, mee mat der Zäit, wann d’Sonn bis drop geschéngt huet, ass e purpur ginn!
Op de Philippine gouf 1934 di gréisste Pärel vun der Welt fonnt, si huet e Gewiicht vu 6,4 Kilo (si gouf fréier «Pearl of Allah» genannt an heescht haut «Pearl of Laotse»)
Dat haartste Geräisch am Déiereräich kënnt vun engem Kriibs, deen nëmme 5 cm grouss ass. Mat senge spezielle “Pistouleschéieren” kann hie Blose maachen, déi mat engem haarde Knuppert vun iwwer 190 Dezibel futti ginn.
Dee gréisste Séistäer huet en Duerchmiesser vun 1,30 Meter a weit 70 Kilo.
RisekalamarRisekalamar
RisenammonitRisenammonit
Rekorder
Rekorder
PurpurschleekPurpurschleek
Vum Oktober un
am Musée: dee
gréissten Ammonit
vun der Welt!
déi gréisste Pärel!
Oh meng Oueren!
dee gréisste Séistär
Text: Pascal Armborst
8
Ëmwéckel gutt fest all Muschel
eenzel mat Basteldrot.
Knied en Deeg aus 350 ml Waasser, 500 gr
Broutmiel, 1 Kaffisläffel Salz an engem Päckelchen Hief.
Looss däin zougedeckten Deeg eng gutt hallef Stonn bei
Zëmmertemperatur opgoen
experimentéieren bastelen kachen a brachen kniwwelen rätselen bauen spillen an ameséieren
Fann de Wee andeems du dem
Muschelcode nofiers. Fann de Wee
Kniwwel säiten***Bastel der e «Lingelliing»
A wat ass dann dat? Ma dat sinn déi flott Klangspiller déi iwwert de Fënsteren hänken an e flotte Kaméidi maachen all Kéiers, wou een dës opmécht.
Stréck se elo zwee an zwee zesummen.
keen Dreifholz hues, mécht een normale Bengel et och)
Stréck zum Schluss all deng Muschelen zesummen a bann
deng Dréit, déi iwwerstinn un e Stéck Dreifholz. (Wann s du
Vu Kéiskraken a Broutschleeken
Text: Sabine Goerens
Fir d’Kéiskraken muss du 4 Strulle rullen, déi s du an der Mëtt mat enger Schéier duerchneids. Fir de Kapp brauchs du eng oval Deegbull. D’Aen kanns du ganz gutt matt Kürbiskäeren oder Kaffisboune maachen. Stree e bësse gerappte Kéis iwwert d’Tentakelen.
Lee deng fäerdeg geformte Schleeken a Muschelen op e gemielte Bakblech. Looss
all deng «Mëlldéieren» nach eng Véirelstonn opgoen a bak se 15 Minutten am op 200° virgehëtzte Bakuewen.
Nom Opgoen schneids du dir handgrouss Stécker
Deeg erof. Fir Schleeke muss du däin Deeg zu enger
Strull rullen, an déi ronderëm sech
selwer oprullen.
Fir Muschele forms du däin Deeg zu
engem Bréidchen, dat s du op enger Säit mat
engem Knäipchen aschneids.
9
Mol der e puer flott Muschelen op e Blat Pobeier. Déi kanns du da fir dës puer Stempelzorte benotzen.
Huel der eng Gromper, schneid se an zwee Stécker an iwwerdro däi Muster op d’Gromper. Mat engem Knäipche kanns du elo d’Form erausschneiden.
Eng zweet Manéier fir Stempelen ze maachen ass mat Moosgummi. Fro däi Papp, ob hien net e
puer kleng Stécker Holz huet, wou s du kanns däi Moosgummi droppechen.Lee deng Schabloun mat der Bläistëftsäit op däi
Moosgummi a rubbel mat engem Bläistëft driwwer. Mat engem Cutter schneids du lo deng Form eraus.
experimentéieren bastelen kachen a brachen kniwwelen rätselen bauen spillen an ameséieren
Kniwwel säiten***
eng Iwerraschungsmuschelseef
Bastel der e «Lingelliing»
Du brauchs e puer Muschelen, eng Kasserol fir Seef ze
schmëlzen, eng Form fir d’Seef dran ze géissen an natierlech Seef.
Schmëlz d’Seef mat e bësse
Waasser an enger Kasserol.
Mat Plastillin kanns du deng Forme stäipen, datt
si beim Géissen net ëmkippen. Fir datt deng Seef häerno och gutt eraus geet, pinsel deng Form mat Ueleg aus.
Soubal d’Seef «mëll» (net leefeg)
ass, kanns du ufänken en Deel dovunner an deng Form ze drécken. Lee e puer Muschelen an d’Mëtt. A fëll de Rescht vun der Form mat Seef op.
A wou ass dann d’Iwweraschung?
Déi kënnt eréischt, wann s du dech domadder wäschs. Ausser du hëls eng duerchsiichteg Seef fir ze schmëlzen, da gesäis de d’Muschelen direkt.
Stempel kann een op e ganze Koup Manéiere maachen.
Muschelstempelen..
Du kanns awer och e Stempel aus engem einfache flaache Gummi
maachen. D’selwecht wéi bei der Moossgummimethod iwwerdréis de däi Motiv duerch Rubbelen. Mat engem Cutter kanns du elo hei ganz reng Stécker rausschneiden.
Lees du dir gär eng Sammlung un?
Da sprang an d’Stiwwelen oder d’Waasserschlappen (soss schneide gebrache Muschelstécker dir d’Féiss op), huel en Eemer oder eng Tut an en Notizheft a lass!
Déi meeschte Muschele fënns du bei Ebbe an op Plazen op der Plage, wou nach Pill stinn.
Wichteg: sammel ni lieweg
Déieren, mä nëmmen
eidel Schuelen!
Sandmuschel, Sandklaffmuschel
Schreif an däin Notizheft, wou s de wéini wéi eng Muschele fonnt hues.
Auster
Séiig
el
Plagëschleek, Strandschnecke
Harschleek, Hornschnecke
Tiermchen, Turmschnecke
Samettmuschel, Samtm
uschel
Häerzmus
chel, Herzmuschel
Opgepasst: baussent Europa
däerf een net iwwerall
Muschelen a Schleeke
sammelen a mat heem
bréngen!
Muschelen a Schleeken op der Plage
Text: Sylvie Hagen mat der wëssenschaftlecher Ënnerstëtzung vum Alain Faber, Dirk Fuchs a Pol Pütz
Da ginn d’Schuelen esou séier wéi méiglech gebotzt:fir d’éischt kanns du se e puer Stonnen an eng 1/1 Léisung vu Waasser a Botzmëttel leeën.Mat enger gebéitener Nol (Crochet oder Drot) kraazt du den Dreck aus de Schuelen eraus.Mat enger aler Zännbiischt a Seefwaasser schrupps du se da gutt.
Looss se op engem Duch dréchnen.
Well de Muschelschuelen hir schéi Faarwen un der Luucht verblatzen, versuergs de se am beschten a klenge Këschtecher oder Dëppercher an engem Tirang oder enger zouener Këscht.
Zortéiere kanns du se der Gréisst, de Faarwen oder der Plaz wou s du se fonnt hues no.
Lee oder pech Etiketten drënner mam Numm, der Plaz an der Zäit wou s du se fonnt hues oder schreif eng Nummer drënner a widderhuel déi Nummer an dengem Heft bei den Notize vun deeër Muschelschuel.
Sich nom Schleekekinnek: dat ass e Schleekenhaus, dat géint d’Auer gedréint ass.
Sandmuschel, Sandklaffmuschel
Peffermuschel, Pfeffermuschel
Schwäertmuschel, Schwertmuschel
Coquille St Jacques, Pilgermuschel
Dapp, Kreiselschnecke
Nue
belschleek, Nabelschnecke
Mull, Miesmuschel
Brandhar, Brandho
rn
Tellmuschel
Sägezahnmuschel, Koffermuschel
Tiermchen, Turmschnecke
Trach
muschel, Trogm
uschel
Zä
nnerchersmuschel
Muschelen a Schleeken op der Plage
12 *Prä
kam
briu
m: v
iru m
éi w
éi 5
40 M
illio
ue J
oe
r.
D’Iessen ass fäerdeg!
Endlech!Wat gëtt et?
Mmmh! Ma Algen, wéi all Dag!
Féier keen op! Alge si gesond, si solle jo vill Kalzium hunn…
Kalzium?Dovu kréien ech Kalekplacken!
Iiiiihhhh!
Hei, dës steenhaart Dénger op mengem
Réck!
?!!!
Dat ass jo eng genetesch Verännerung! Sou eppes huet et an eiser Famill nach ni ginn! Sou eng…
Schan!
Muss du de Jong da sou fäerdeg maachen? Grad haut wou Schoulbal ass!
Jo an?Sou ee Mutant wëll dach keent!
De Jong mécht sech op de laange Wee op de Schleekebal.
Hey Jong!
Oh neen! De Bully a seng «Wild snails»
Weider esou! Da kënns du nach mat Zäiten op de Schleekebal …
vum nächste Joer!
Hahaha!
Vergiess et!Hautesdaags muss ee schonn eng Schleekekar hunn, fir sech un d’Meedercher erun ze schläimen!
Tjo, Mutante-boy, do méchs de Aen, he?
Dododo …
Een Anomalocaris!
? ??
rrrmmm!!
Auauauauau! TJO! Ouni meng superhaart Kalekplacken wär ech lo dout.Sou wéi de Bully a seng «Wild snails» …
Hehehe!
Wou sinn nëmmen d’Jongen? Lo waarde mer schonn eng Woch! Ee Männchen!
Endlech ee
richtege Männchen!
!!!!!!
A sou gouf de Jong ee vill bewonnert
IDOL.
Heen huet sech e flott Meedche gekroopt …
Op hirem Hochzäitsdag war de ganze Präkambrium an déiwer Trauer… A wa se net ausgestuerwe sinn…
… da liewe se nach haut.
D’Iessen ass fäerdeg!
Beurk!
An datt jiddferee schéi brav säin Teller eidel ësst! Datt
är Kalekplacken esou staark ginn wéi déi vun
ärem Papp!
Evolutioun am Schleekentempo
Mil
lio
un
e v
u J
oe
re
n
D’Kalekplacke wuessen zu engem Schuppepanzer zesummen.
Kleng Kalekplacke schützen de mëlle Kierper.
D’Schuppe wuessen zu enger Schuel zesummen.
D’Panzerschuel dréint sech zu engem Schleekenhaische fir den Eingeweide méi Plaz ze maachen.
*Ge
nete
sch
Verä
nne
rung
: be
wie
rkt,
da
tt d
’Lie
we
wie
sen
e b
ëss
en
ane
scht
sin
n, w
éi h
ir El
tere
n.*M
uta
nt: L
iew
ew
iese
n, d
at a
nesc
ht a
ss w
éi s
eng
Elte
ren.
*Ano
ma
loc
aris
: Urz
äitk
riib
s
Text: Patrick Diederich
Wéi koumen déi plakeg Schleeken zu hirem Haischen?
13
Wann den Tëntefësch
gesäit, datt eng Gefor op hien duerkënnt, da sprutzt hie sengem
Feind eng Zort Tënt an d’Gesiicht. Den Tëntefësch wëll sengem Géigner sou Angscht maachen. Nodeems den Tëntefësch gesprutzt huet, gesäit säi Géigner näischt méi an den
Tëntefësch ka sech ouni Problem duerch d’Bascht man.
D’Riisemuschel ass di gréisst Muschel vun der Welt. Si ka bis 1,40 m laang an 8 bis 10 cm déck ginn; si kann iwwer 200 kg weien. Sou schützt si sech géint hir Feinden, wéi Fësch, Kraken, Mieresvillercher a Séistäeren: wann d’Luucht oder d’Schieder sech änneren, klappt d’Riisemuschel sech mat sou enger
Muskelkraft a Vitesse zou, datt kee Feind u se rukënnt.Taucher si scho mol mam Aarm oder dem Been an der Muschel gefaange ginn an ëmkomm. Dofir gëtt si och Mäerdermuschel genannt. Si ass awer kee Mënschefriesser a gräift och keen un.
D’Muschelen hunn e puer Tricke fir sech géint hir Feinden ze schützen. Si kënne sech zouklappen, datt kee friemd Liewewiesen u si kënnt.
D’Coquille St Jacques klappt seng Schuele ganz séier op an zou a sprutzt dobäi e Waasserstral op säi Géigner a mécht sech séier fort.
D’Tigerkaurimuschel sprutzt Schwiefelsaier op hire Feind, dat brennt a bäisst dann a sengen Aen an hie léisst d’Muschel mat Rou.
Soubal e Schleek eng Gefor spiert, zitt hie
sech a säin Haischen zréck. Waasserschleeken
hunn en extraen Trick fir sech géint d’Verdréchnen ze schützen.
Virun der Öffnung vum Schleekenhaischen entsteet eng Schutzhüll (eng Zort Dir), déi verhënnert, datt nach méi Waasser verluer geet.
De Stachelschleek huet, wéi den Numm et scho seet, lauter Stachele ronderëm. Do kënnt kee Feind un d’Haische run an de Schleek ass gutt geschützt. D’Stachelschleeken hunn och nach eng besonneg laang “Pick” fir sech ze wieren oder Beute ze fänken.
TOCTOC!Raffinéiert, déi Mëlldéieren!
wéi wieren a schützen d’Mëlldéiere sech?
Aner Muschele vergruewe sech am Sand fir sech ze verstoppen.
an do!
aaaahhhhh!
ciao!!
heeeee!
dat do gëtt näischt!?!
Neen, scho rëm net!
Pech gehat!!
wat has du da gemengt?
Gutt esou! Da sinn
ech fort!
klapp
klapp
Text: Pascal Armborst
klapp
HEEE! Ech gesi jo näischt méi!
Mech kriss de net!Tëntefësch
Schle
eken
Muschelen
Mäerdermuschel
Stachelschleek
Schleeken afänken a fortdroen an eng Wiss
14
Neeeeen!Meng Zalot!!!!
Dat hues du bestëmmt
schon deng Mamm héiere jäizen! Keng Panik, hëllef denger Mamm mat dësen einfache Rotschléi fir d’Schleeken aus dem Gaart ze
verdreiwen.
Bued
em re
ng a grimmeleg m
an
Net owes netzen, Gaart a Wues net berieselen Geméis ubauen, dat de
Schleeken net esou schmaacht
Buedem oplackeren Onkraut ewech man
k
ee
graffe Buedem!
Panik am Geméisgaart
Awer net bei den Noper geheien!
Iergend eng Kéier komme se nees zréck an den Noper ass net
frou.
dat loossen ech awer léiwer déi Grouss
man!
Schleeken hu gär Fiichtegkeet an
Dréchent ass hire gréisste Feind!
Amplaz vun zaarter Laitue
léiwer Batavia oder Lollo rosso setzen. 1
4
32
65
15
Bued
em re
ng a grimmeleg m
an
k
ee
graffe Buedem!
Schleekenzonk setzen
kee Schleekegëft dat ass geféierlech fir eis Gesondheet a schiedlech fir Reewierm, Vullen, Igelen an Hausdéieren.
Wéi friesse Schleeken?
Text: Sylvie Hagen, Monique Kirsch
5 cm ëmdiebelen
10 cm an de Buedem stiechen
10 cm iwwert dem Buedem
Blech
Déi meescht Schleeke si Pflanzefriesser.
Schleeken hu keng Zaangen, wéi e Kriibs an och kee Gebëss, wéi d’Mamendéieren.Si hu wéi all “Mëlldéieren” en eenzegaartegt Organ: eng Raspelzong, si gëtt och Radula genannt.Si kënnen hir Nahrung net ofbäissen oder ofpëtzen,
awer ofraspelen.
Du kenns och bestëmmt d’Raspel, déi een Doheem an der Kichen huet, probéier selwer, wéi sou eng Raspel fonktionnéiert, am Beschte mat engem Stéck Kéis.
D’Raspelzong fonktionnéiert, wéi d’Rad vun engem Bagger.
En elastescht Band, voll mat mikroskopesch klengen
Zännercher, d’Radulazännercher, gëtt iwwert e Knorpelkär
gefouert. Dobäi raspelen d’Radulazännercher
Nahrungsstéckercher of a féiere se an de Mo vum Schleek.
Op sou Plazen am Gaart kanns du natierlech och d’Schleeken asammelen a fort droen.
Muskelen
ech siche mir eng aner
Plaz!
mmmh! kuscheleg fiicht a
grafft Gewulls a vill Plaze fir drënner ze krauchen!
hei gëtt et näischt ze
baffen! Wichteg!7
hei f ll
e Schleeke sech ganz w
uel!
hei as
s et hinne vill ze propper, ze plakeg an ze dréchen
ups!
16
D’Nier
e su
erge
n dofi
r, da
tt e
ise K
ierpe
r ëm
mer d
’nämle
cht v
ill Salz
huet
. Si b
otze
n d’B
lutt a
gehe
ien da
t Salz
, wat
de K
ierpe
r ne
t bra
uch,
mam
Pipi e
raus
.
Hues
du sc
hon e
ng Tr
éin ge
schm
aach
t? Od
er de
ng
Haut
, wan
n s du
schw
eess
?Ma
dat s
chma
acht
salze
g! Jo
, an e
isem
Kier
per
sinn o
ngef
éier 2
00 G
ramm
Salz
an d
at ka
nn e
e sc
hmaa
chen
.
Salz
ass l
iewen
swich
teg!
Ouni
Salz
kéint
en
d’Zelle
n net
liewe
n, d’O
rgan
er gé
ifen n
et
fonkt
ionné
ieren
an
d’Waa
sser
géif
net m
éi am
Kier
per
trans
porté
iert
ginn.
Eise
Kierpe
r sue
rgt
dofir
, dat
t de
Salzg
ehalt
vu
n ong
eféie
r 0,9%
an
eisem
Blut
t an e
ise
Kierpe
rflës
segke
eten
ëm
mer d
’nämle
cht b
leift.
Heen
huet
do ge
nial
Syst
emer
:Ie
sse
mir vi
ll Salz
, kré
ie me
r Duu
scht,
drén
ke vi
ll a
muss
e vill
op d
’Toilet
te. D
obäi
gëtt
dat S
alz, d
at ze
vill a
ss, a
us
dem
Kierpe
r era
usge
schw
emmt
.Sc
hwee
sse
mer v
ill (be
im Sc
hwee
sse
geet
vill S
alz
verlu
er),
kréie
mer D
uusc
ht a
Losc
ht op
Salz
eges
.A
wann
d’Ie
sse
vers
alzt a
ss, s
chma
acht
et e
is ne
t a
mir lo
osse
n et l
eien.
Pro
Dag s
olle m
ir on
gefé
ier 5
Gra
mm S
alz zo
u eis
huele
n. Da
t Salz
kënn
t awe
r net
all a
us de
m Sa
lzdëp
pche
n. Da
t mee
schte
Salz
, dat
mir
iesse
n, as
s ve
rsto
ppt: a
n der
Ham
an a
ner C
harc
uter
ien, d
em
Brou
t, de
m Ké
is a
virun
allem
a Fä
erde
g-Ge
riichte
r, Fa
st-F
ood a
Chip
sen.
Nosa
lzen a
ss do
fir ne
t néid
eg.
Tip vu
m Mi
nistè
re de
la S
anté
:
«Sa
lz ma
t Moo
ssen
, aw
er J
odsa
lz!»M
ond
Salz
best
eet a
us e
ngem
Na
trium
atom
an
eng
em C
hlora
tom
Salz
= NaC
lSa
lz
NaCl
= +
Am M
ond l
éist d
e Sp
aut d
’Salz
op a
n en
Nat
rium-
Ion a
n e C
hlorid
-Ion
.
NaCl
Na
Cl
Text: Sylvie Hagen mat der wëssenschaftlecher Ënnerstëtzung vum Ministère de la Santé
Dem
Sa
lz s
äi
We
e o
p dé
i ri
chte
g P
laz
en
Der
Nie
r h
ir A
arb
ech
t
D’Nier
e su
erge
n dofi
r, da
tt e
ise K
ierpe
r ëm
mer d
’nämle
cht v
ill Salz
huet
. Si b
otze
n d’B
lutt a
gehe
ien da
t Salz
, wat
de K
ierpe
r ne
t bra
uch,
mam
Pipi e
raus
.
D’Blut
t (ma
t de
Salz-
Ione
n am
Waa
sser
) kë
nnt d
uerc
h eng
Ar
terie
an d
’Nier
. An
der N
ier de
elt
déi A
rterie
sech
an
eng M
illioun
minik
leng
Oder
en. D
uerc
h de
enen
hir W
änn
ginn d
’Waa
sser
an
d’Salz
an d
éi win
zeg
Enne
r vum
Har
nleite
r ge
dréck
t.
Am H
arnle
iter g
ëtt e
ng Fl
ësse
gkeet
ge
maac
h, de
Prim
ärha
rn.
Mo
Dënn
daa
rm
Ze
lle
n
Blu
ttbu
nne
n
Déi n
ächs
t Sta
tioun
vun d
e Sa
lz-Io
nen
ass d
en D
ënnda
arm.
Due
rch K
anäl
am
Daar
m se
ngen
Zelle
n spa
dséie
ren d
’Salz-
Ione
n an d
’Blut
tbunn
en. D
obäi
zéie
se
ëmme
r Waa
sser
mat
sech
.
De S
paut
tran
sporté
iert d
éi De
elerc
her a
n de
Mo.
Zellen
am
Mo hu
elen e
n Dee
l vun
de
Chlor
id-Io
nen fi
r Salz
saier
ze m
aach
en.
Déi m
écht
Keime
futt
i, déi
mir du
erch
eist
Ie
ssen
an d
e Mo
kréie
n. Da
t ass
eng
gutt
Sa
ach,
well s
oss g
éifen
déi K
eimen
eis
krank
maac
hen.
D’Blut
tbunn
e bré
ngen
d’Sa
lz-Io
nen a
n d’W
aass
er bi
s an a
ll een
zel Z
ell. D
’Zelle
bra
uche
n d’Sa
lz un
éisc
hter P
laz fi
r de
Flëss
egke
etst
rans
port.
An d
éi ve
rsch
idden
Ze
lle bra
uche
n d’Sa
lz-Io
nen fi
r hir
vers
chidd
en A
arbe
chte
n: d’M
uske
lzelle
fir se
ch ze
bewe
egen
, d’Ne
rvenz
elle fi
r Ko
mman
doen
viru
n ze
ginn.
Nie
r Harn
blo
s
Harn
leit
er
Art
eri
e
17
Dat S
alz, d
at ne
t geb
rauc
ht gë
tt,
leeft
vum
Harnl
eiter
aus
an d
’Harnb
los
a gë
tt do
als
Urin
ausg
esch
eed.
WIC
HTEG
!Be
i Due
rchfa
ll ode
r Iw
werg
inn ve
rléier
t de
Mëns
ch vi
ll Salz
! Hei
ass e
t ga
nz w
ichte
g Flës
segke
et a
Sa
lz zo
u sec
h ze
huele
n:op
1 Lit
er W
aass
er 8
Ka
ffislä
ffele
n Zoc
ker m
at
1 Kaf
fisläf
fel S
alz o
pléise
n a
fir de
Goû
t de
Jus v
un 1-
2 Or
ange
n drë
nner
mës
chen
. Iw
wert
e pue
r Sto
nne
schlu
ppewe
is dré
nken.
E pue
r Sa
lzsta
ange
n dob
äi kna
bbere
n as
s och
gutt
.De
Kan
ner,
déi b
ei en
ger
Mogr
ipp ne
t gäe
r dré
nken,
kann
ee
Glace
stäb
erch
er a
us
enge
m Is
odrin
k maa
chen
.
Réckstoussprinzip:
Huel e Loftballon a blos en op. Looss e lass! D’Loft, déi aus dem Ballon eraus kënnt, mécht, datt de Ballon sech beweegt.
De Loftballon gëtt duerch de Rëckstouss mat der nämlechter Kraaft no vir gedréckt, wéi d’Loft no hanne vum Loftballon erausgestouss gëtt.
18 Text: Monique Kirsch
Hannert dëser Klapp kann ech mech viru menge Feinde verstoppen.An der Klapp ass e klengt Lach, fir datt ech awer eppes gesinn, wann ech a mengem Haische sëtzen.
Ech hu bis zu 90 Fänkäerm.
Dat éischt U-Boot “Nautilus” huet en amerikaneschen Erfinder, de Robert Fulton 1800 virgestallt.Mä dat wuel berühmtesten U-Boot (wann och net dat éischt a sengem Numm) ass den “Nautilus”
vum Kapitän “Nemo” aus
dem Roman vum Jules Verne (franséische Schrëftsteller) «Vingt mille lieues sous les mers» (Zwanzigtausend Meilen unter dem Meer), deen 1872 erauskomm ass.
Ech heeschen «Nautilus» op däitsch och «Perlboot». Ech wunnen am westleche Pazifik an an Deeler vum Indeschen Ozean.
Ech si wäitleefeg Famill mat de Schleeken, den Tëntefësch an de Kalamaren. Mir hu keng Schanken, wéi d’Mënschen, d’Déieren an d’Fësch. Ech hu keng “Saugnäpf” wéi d’Tëntefësch. Ech hunn ongeféier 90 Fänkäerm (Tentakelen). Mir sinn och Famill mat den ausgestuewenen “Ammoniten”.
Ech hu genee wéi déi aner Tëntefesch e Schniewel wéi e Papagei, mat deem ech de Panzer vu menge “Beutetiere” opknacke kann. Ech friessen se da mat menger Raspelzong (Radula), sou wéi d’Schleeken, meng wäitleefeg Famill (kuck Säit 15 am Panewippchen).
Mäin Haus ass symetresch gedréint a besteet aus ville Kummeren. Ech wunnen an deeër leschter a gréisster vun all de Kummeren. Duerch all meng Kummere leeft e Schlauch, de “Siphunkel”. Deen hëlleft mir mech am Waasser rop a rof ze beweegen: domat veränneren ech de Gasgehalt an de Kummeren a sou den Opdriff vu mengem “Haischen” am Waasser. Ass wéineg Gas an de Kummeren, ginn ech erof. Ass méi Gas an de Kummeren, ginn ech erop, sou wéi en U-Boot. Mir Nautilussen hunn och en Trichter (Sipho), mat deem mir eis nom Réckstoussprinzip, wou mer Waasser erauspressen, viru beweege kënnen.
Jules Verne «Vingt mille lieues sous les mer» Livre de poche: ISBN: 2-253-00632-7
an d
ëser leschter a gréisster Kummer wunnen ech.
Mam ”Siphunkel” kann ech de Gas an de Kummere regléieren.
D’Ammonite waren 330 Millioune Joer laang op der Äerd a si gréisstendeels viru 65 Millioune Joer mat den Dinosaurier ausgestuerwen.
Den Nautilus
”Sipho”
Dat hei ass mäin Aen
Text: Carmen Greisen
Den antarktesche Kontinent ass eng grouss, liewensfeindlech Äiswüst, wou nëmmen e puer - ganz spezialiséiert - Planzen- an Déierenaarte kënne liewen. Anescht am südleche Polarmier: do wibbelt et nëmme sou vu Liewen.
Vill Walen, Robben, Pinguinen an aner Mieresvulle liewen haaptsächlech vum Krill
Déi winzeg Kriibsdéiercher filteren am Summer masseg
klinzegkleng Alge mat hire Been aus dem Waasser fir z’iessen.
Dobäi muss hiere Mo sou séier schaffen, datt en eng Geheimwaff entwéckelt huet: extra-agressif Mosaier. Déi wierkt esou gutt, datt eng Krevett, déi stierft, sech bannent 10 Minutte selwer verdaut – et bleift näischt méi dovun iwwreg!
Majo, den arktesche Summer ass kuerz an am
Wanter gëtt et net vill Gréngs am Mier: Do mussen se d’Algen ënne vun den
Äisplacken erofkrazen, a si schütze sech an de klenge Ritzen a Lächer vum Äis virun hire Feinden.
Verschidde Schwammaarte kënnen
en Alter vun e puer Honnert Joer kréien. Et
gi souguer Schwämm, déi Kriibsecher aussuckelen.
D’Risenassel gläicht eiser Kellerassel
(Schwéngchen), mee gëtt bis 20cm laang. Si krabbelt iwwert de Mieresbuedem a verbotzt alles, wat een do ka fannen, am léifsten awer doudeg Déieren. D’Risenassel frupst sech heiansdo sou voll, datt se sech kaum nach beweege kann ; et weess ee jo ni, wéini datt déi nächste Molzecht um einsamen, däischtere Mieresbuedem ze fannen ass!
Krill si kleng Krevetten, déi fluo-blo
liichten an a risege Schwärm am kale
Mier liewen .
An deem kale Mier ginn et och Schleeken, Muschelen, Korallen,
Séianemonen, Séistären, Séiigel,
Séicornischongen, Séipouken,
Schwämm, Buuschtewierm…
Well se an esou engem extreme Liewensraum liewen,
entwéckelen dës Déiere sech nëmme ganz lues. Dacks gi se dofir vill méi al a vill méi grouss wéi hir Famill a méi
waarme Mierer.
Firwat muss de Krill da
sou séier friessen a verdauen?
Fir des enorm Vielfalt ze erhalen, a fir datt
d’Pinguinen och an Zukunft nach genuch fir tëscht de
Schniewel fannen, ass et wichteg, datt dat südlecht Polarmier e
kaalt Mier bleift!
..
..
19
Serie Polarjoerdës Kéier: Mëll- a
Kuuschtendéieren am südleche Polarmier
20
Melusina Juli 2008
Waasserkraaft Mee 2008
Dasburg Juli 2008
Melusina Juli 2008
Waasserkraaft Mee 2008
Dasburg Juli 2008