Tableau synoptique
Intitulé du cours à option Enseignants Remarques Classes
Lëtzebuerg – seng Sprooch, säi Folklor, seng Kultur, seng Geschicht !
Jean-Marie Majerus 3e / 2e / 1ère
Italien Laura Antonacci Maria Leone 3e
Demokratie, Politik a Film Manou Worré 3e / 2e / 1ère
Film a Filmgeschicht Luc Reinesch élèves non inscrits au passé seulement 2e / 1ère
Experimental Sciences Isabel Diederich 3e / 2e / 1ère
Hackers, Robots and more Gene Bindels
élèves novices et experts 3e / 2e / 1ère
A Thing Called Love Carole Matgen 3e / 2e / 1ère
Mini-Entreprise John Klemmer Mike Raas 3e / 2e / 1ère
Juste create ! Stéphanie Nuss Nathalie Krombach 3e / 2e / 1ère
Fotografie Tom Scheller élèves non inscrits au passé seulement 3e / 2e / 1ère
Kachen Luc Gansen 3e / 2e
Sport Thierry Krieps Jessie Heintz 3e / 2e / 1ère
Tourismus an Hotellerie Simone Meyer 3e / 2e
Hörspill Daniel Balthasar Gilbert Klee 3e / 2e / 1ère
Couture Art 3e / 2e / 1ère
EVERYTHING YOU ALWAYS WANTED
TO KNOW ABOUT LUXEMBOURG
AND NOBODY EVER TOLD YOU!
- Lëtzebuerg –
seng Sprooch, säi Folklor, seng Kultur, seng Geschicht !
Wie si mir, wou komme mir hier, wuer gi mir hinn?
Wann d’Zäit eis et erlaabt, besiche mir ë.a. déi wichtigst kulturell Ariichtungen
(Muséeën, Nationalarchiv, Nationalbibliothéik, ...), historesch Plazen a Gebaier an
invitéiere bekannte lëtzebuerger Auteuren.
„Um die Wahrheit zu sagen, es war eine schöne,
geordnete, wohlhabende, beschauliche Welt, jedermann war guter
Laune, nachsichtig, gütig, duldsam. Dennoch lag über dem Ganzen
ein Geruch von Fäulnis. Der Geruch der Stagnation. Durch ihre
heuchlerische Freundlichkeit hatten sich die Einwohner
selbst das Rückgrat
gebrochen. […] Es
ekelte mich an.
Lieber in Paris wie eine
Laus sterben, als in
diesem fetten Land
Luxe-en-bourg Ecrivons tout simplemang frallemand.
Wann s d'eppes kanns, et pourquoi pas,
nicht wahr. Mars Klein
« Leur nourriture consiste essentiellement en lard,
sauercraut et légumes farineux. Le peuple est
grand mangeur, sa boisson ordinaire est l'eau,
(…) il se dédommage facilement le dimanche
des privations de la semaine, après le service
divin, (…) on le voit aller garnir les cabarets d'où
il ne sort ordinairement qu'ivre... »
J.B. Lacoste – Préfet du Département des forêts
Jean-Marie MAJERUS [email protected]
leben.“
Henry Miller
Franzous och beim Champagner,
beim Rhäinwäin si mer Preiss.
Michel Rodange
„Wer Luxemburg nicht gesehen hat, wird sich
keine Vorstellung von diesem an- und
übereinander gefügten Kriegsgebäude machen.
(...) Hier findet sich so viel Größe mit Anmut, so
viel Ernst mit Lieblichkeit verbunden, dass wohl
zu wünschen wäre, Poussin hätte sein
herrliches Talent in solchen Räumen betätigt." J. W. Goethe
« Tout ce que nous voyons est superbe, les Ardennes sont un enchantement. » Victor Hugo
Roude Léiw, huel se!
Cours d’initiation à l’italien
(maximum 15 élèves)
Titulaires : Laura ANTONACCI / Maria LEONE
Langue véhiculaire : Français/Luxembourgeois
Durée du cours : 2 ans (sans obligation de réinscription après la 1ère année)
Pourquoi choisir l’italien ?
L’apprentissage de la langue et de la civilisation italiennes permet à l’élève d’élargir sa
culture générale. Près de 63 millions de personnes parlent ou apprennent l’italien dans le
monde. L’italien est essentiellement parlé en Italie, mais aussi dans le sud de la Suisse, où il
est langue nationale. Il est la 5e langue la plus parlée au monde.
Contenu et objectifs :
En deuxième année, l’étude sera toujours axée sur l’apprentissage du lexique en relation
avec la vie quotidienne. L’élève approfondira ses connaissances sur les structures
fondamentales de la langue (structure des phrases, conjugaison, …).
L’apprentissage comportera également des exercices de compréhension et d’écriture courts.
Ce sera également l’occasion de voir de courts extraits littéraires d’auteurs italiens. Ce type
d’exercice permettra à l’élève d’approfondir son savoir de la culture italienne.
À la fin de cet apprentissage, l’élève sera capable de s’exprimer dans une langue correcte
dans des situations simples et de comprendre une conversation et un texte court en italien.
Évaluation :
L’évaluation se fera au moyen de courtes productions. Les épreuves porteront sur la matière
apprise en classe mais pourront être remplacées par des exercices d’expression orale ou
écrite (dans la langue véhiculaire du cours) portant sur les éléments de cultures rencontrés
(cinéma, chanson, gastronomie, géographie, …).
Voyage culturel :
À la fin de ce cours d’initiation, l’élève, capable de s’exprimer en langue italienne, aura
éventuellement l’occasion de la mettre en pratique lors d’un voyage culturel (sous réserve
d’un certain nombre de participants au cours). Ce voyage sera organisé avec la participation
active des élèves.
Demokratie, Politik a Film:
de Kino als Spigel vun eiser Gesellschaft
D’Welt steet op der Kopp : Finanz-, Ekonomie-, Klima- an Sanitärkrisen, Kollapsologie, Fake a Real, Verschwierungstheorien an Manipulatioun, Zukunftsvisiounen, Verschäerfung vun Inegalitéiten a Chômage: Wat sinn hir Auswierkungen op eis modern Demokratien an wéi goufen an ginn si och nach hautdesdaags am Medium Film duergestallt ?
Du interesséiers dech fir aktuell gesellschaftlech Themen a Problemer ? Du bass fuerwëtzeg a stells dir Froen wéi mir Mënschen zesummeliewen sollen. Du bass och begeeschtert vun Filmer an kucks gären Serien ?
Des Optioun probéiert mat der Hëllef vun villen Filmextraits ze analyséieren, op de Film e Spigel vun eiser Gesellschaft ass an wéi eng Erausfuerderungen sech fir eis modern Demokratien stellen. Mir baséieren eis op international an europäesch Filmer vun fréier an vun haut.
Mir interesséieren eis ënner anerem fir d’Duerstellung am Film vun :
Minoritéiten - Politik an Politiker (an Amerika an doriwwer eraus) - Pandemien- Utopien/Dystopien-Konspiratiounstheorien - d’Fro vun der Zensur an der Meenungsfräiheet, de politische Subtext vun Superhelden-Filmer - den geopoliteschen an gesellschaftspoliteschen Aspekt an den James Bond-Filmer, ....
Dës Optioun mécht sech och no dobaussen op andeem se:
• eng Rei extern Spezialisten invitéiert déi probéieren Thematik aus hirer Vue ze reflektéieren.
• de Lien mécht mat der gesellschaftspolitescher an cinematographescher Aktualitéit am Ausland an hei zu Lëtzebuerg.
Titulaire : Manou Worré
An dëser Optioun beschäftege mer eis mat verschiddenen Themen rondrëm d’Filmproduktioun tëschent den 1890er an haut. Dobäi wäert et engersäits ëm di méi technesch Geschicht vum Film goën an anerersäits dorëms, wéi eng Messagen Filmer bewosst oder onbewosst niewt der erzielter Geschicht soss nach transportéieren.
Di exakt Schwéierpunkten kënne mer zesumme festleeën. Méiglech Themen wieren:
1. Vun “You ain’t heard nothin’ yet!” bis “To infinity and beyond!”: Di technesch a cinématographesch Entwécklung vum Film vun denen éischte bewegte Biller bis bei computeraniméiert Blockbusters
2. “You get what you settle for.”: Wéi verännert sech d’Duerstellung vun der Roll vun de Fraën an Hollywood-Filmer?
3. “I wanna be like you ... I wanna walk like you, talk like you...”: Huet Hollywood ee Rassismus-Problem? Ëmmer scho gehat?
4. “You talkin’ to me?”: Duerstellung vu Gewalt a Sexualitéit an Hollywood-Filmer vun den éischte Filmer bis haut
5. “Media’s like the weather, only it’s man-made weather. Murder? It’s pure.“: Filmer déi gesellschaftskritesch sin an bewosst op Mëssstänn an der Gesellschaft wëllen hiweisen.
6. “Democracy is schtoonk!”: D’Filmindustrie am Krich - Propaganda vun denen zwou Säiten virun a während dem 2. Weltkrich
7. “The last mass trials were a great success. There are going to be fewer but better Russians.“: D’Filmindustrie an de Sozialismus virun a während dem Kale Krich
8. “I love the smell of Napalm in the morning ... smells like... victory.“: Di speziell Roll vum Vietnam-Krich fir di amerikanesch Filmindustrie
9. “From now on you will speak only when spoken to, and the first and last words out of your filthy sewers will be Sir.“: Amerikaner iwwer Amerikaner - wéi stellt Hollywood amerikanesch Zaldoten an hier Roll duer?
Full Metal Jacket The Great Dictator Taxi Driver The Jazz Singer The Jungle Book
Toy Story Apocalypse Now Natural Born Killers Ninotchka Thelma and Louise
N.B. D’Filmzitater an d’Plakater gehéieren zu denen selwechten Filmer. Mee wat passt zu wat?
Film a FilmgeschichtTitulaire: Luc Reinesch
1.
ExperimentalSciences
DubasseeFuerscheroderwéiltsgäreneensinn?
DubassundenScienceninteresséiert?
DuhuescoolIddiendéi’sdegärenausprobéierenwëlls?
Dannbassduheigeneerichteg!
AnengeréischterPhaseléiersduHannergrondwëssenzumexperimentellenFuerschenander
Biologie(ochdeelweisausderChimie).DoléiersduunhandvunklengenExperimenterz.B.,
wéieenengMicropipettebenotzt,wéieenNährbuedempreparéiertoderwéieenBakterien
züchtet,....
Gläichzäiteg guidéieren ech dech an Experimenter, vun kuerz oder
laangDauer,déinetesouumProgrammvirzefannensinnJ.
Anenger2.Phaseversichs’dudanndengeegen Iddie (däineegent
Experiment)ëmzesetzen.
D’Projeten déi erfuerscht ginn kennen och als Thema an Aarbecht un dem nationalen
Wettbewerb„JonkFuerscher“agereechtginn(www.jonk-fuerscher.lu).
DumusskengVirkenntnisserhunn, just Interesseund’Fuerschen
hunn.
Bassdueiseneie„DanielDüsentrieb”oder„Dr.Brown“?
DannbisgläichanderOptioun„ExperimentalSciences“!
IsabelDiederich
HACKERS, ROBOTS and more Python and Lego Mindstorms
Déi ultimative Optioun, fir all déijéineg, déi sech fir
Programmation an/oder Robotik interesséieren.
Wie baut déi Autoen, Maschinnen, Computer…
zesummen, déi eis ëmginn? Wien ass op frieme Planéiten
an op fir Mënsche geféierleche Plazen ënnerwee?
D’Roboter sinn aus der Produktioun an der Exploratioun net méi ewech ze
denken. Op der anerer Säit, muss villes vun deem, wat mir sou dagdeeglech notzen a wat eis
ëmgëtt, programméiert ginn. Dat heescht et muss een dem Baudeel soen, wat e maache muss.
An dëser Optioun kriss du béides gewisen an du kanns dir selwer ee Projet iwwerleeën deen s
du eleng oder am Team realiséiere wëlls.
Wat erwaart dech?
LEVEL 1:
Programméieren: (7 Wochen)
Du léiers programméieren mat der Programméier-Sproch Python. Einfach ze
léieren, dynamesch, flexibel an open-source.
Mat dengen éischten Erfarungen an der Programmatioun kanns du kleng
Programmer schreiwen. Dat kënne kleng Spiller sinn, wëssenschaftlech Analyse
vun Donnéeën, Kryptografie, ...
Robotik: (7 Wochen)
Du baus a programméiers einfach Roboter mat Hëllef vum Lego Mindstorms
EV3 TM Education-Kit. Du léiers déi eenzel Sensoren (Liicht, Kontakt, Faarf,
Ultraschall ...) an Aktoren (Motor, Gräifer, …) kennen, iwwert déi ee Roboter
mat senger Ëmwelt interagéiert a stells dech am Team klengen Aufgaben.
LEVEL 2: (2. Semester)
Un dir ze decidéieren firwat s du deng nei gewonne Superkräften asetz.
Wëlls du vläicht eng App programméieren oder eng Websäit? Oder sichs du léiwer am Team
d’Erausfuerderung vun de Robotik Challenges, wéi z.B. op engem Circuit fueren oder aus
engem Labyrinth erausfannen? Oder wëlls du ganz einfach däin eegene Projet realiséieren?
Wéi eng Viraussetzunge muss ech matbréngen, fir bei dëser Optioun matzemaachen?
Gutt Laun, Motivatioun, analytescht Denkverméigen, Kreativitéit, Autonomie, Frustratiouns-
toleranz ...
Evaluatioun?
D’Evaluatioun gëtt un Hand vun äre Projeten, déi dir realiséiert, gemaach.
Et hat mir gutt gefall, duerf ech erëmkommen?
Dës Optioun ass och op, fir d’Schüler, déi lescht Joer mat derbäi waren.
Gene Bindels
„A Thing Called Love – Große Liebesgeschichten der Weltliteratur“.
Über die Liebe und das Leiden
Liebe ist das Thema, das die Dichter der Welt immer wieder in ihren Bann gezogen hat, von Anfang an
bis heute. Klage und Preisung, Glück und Unglück, Erfüllung und Tragik liegen hier eng umschlungen
beieinander.
Der Kurs will sich dieses Themas annehmen und lädt die Schüler ein zu einer vielsprachigen Reise durch
die Literatur der Liebe von der Bibel bis zur Gegenwart, streift die vielfältige Beziehung zwischen
Literatur, Liebe und Lust, fahndet nach Geschlechtern und Geschlechterrollen – und scheut weder die
Galanterie noch die Gewalt.
Keine Angst - es werden keine Ganzschriften „zu Tode analysiert“, sondern es werden Auszüge aus
literarischen Werken, aus philosophischen und psychologischen Schriften gemeinsam ausgesucht,
gelesen und besprochen. Auch werden wir im Unterricht die Darstellung großer Gefühle im Film und in
der Musik behandeln.
Enseignante: Carole Matgen
Option 3e/2e/1e Just Just create create
Kreativ schaffen .... Iddien aus dem Kapp op Pabeier bréngen an op d’Sich no passendem Material goen .... Léisungen fannen ... Eng Kreatioun eegestänneg realiséieren!
Looss denger Kreativitéit fräie Laf a léier mat Bitz- an anerem Geschir a mat Stëfter a recycléiertem Material deng Iddien ze verwierklechen.
Zeckt net a mellt iech schnell an eis Optioun, mir freeën eis ... Är Create-Equipe Nathy Krombach & Stéphanie Nuss
F t grafie(Maximum10Schüler)
D'Zil vun dëser Optioun ass et ze léieren einfach a flott, ewer och kreativ a virun allem propper Fotoen ze machen an duerfir och ze verstoen wéi däi Fotoapparat funktionéiert.
An enger éischter Phase bastele mer duerfir eng Camera obscura (eng sougenannte Lochkamera), déi mer och effektiv notze, fir Fotoen ze machen. Dës Fotoen entwéckele mer dann duerno selwer an der Dunkelkammer.
Duerno maache mer dann e Quantesprong an déi digital Fotografie, wou mer fir d'éischt déi wichtigst Funktioune vum Fotoapparat kenne léieren (Blend, Zeit, ISO, Autofokus, ...). Dës Funktiounen ginn och direkt an der Praxis ausprobéiert, fir dass jidfereen sein Fotoapparat méiglechst gutt beherrscht.
Am zweeten Deel vun dësem Optiouns-Cours geet et da virun allem drëms, originell Fotoen ze machen sou wéi dës Beispiller hei niewendrun. Dat kënne Fotoë sinn aus der Natur, ewer och aus dem Fotostudio um B2, wann d'Wieder mol nit sou gutt ass. Natierlich kann all Schüler hei och sengen eegenen Iddië vu Fotoen nogoen an alles ausprobéiere, wat technesch méiglich ass. Souguer ausserschoulesch Sortië si méiglich: Owesdämmerung, Stärenhimmel, Esch/Belval, City-Trip, Vollmound, Lightpainting, ...
Tëschenduerch kënne mer och déi eng oder aner speziell Foto mam Smart-Phone probéieren an eis un d'Limite vun deem Apparat runtaaschten. Wat nach wichtig ze wëssen ass:
# fir dës Optioun si keng Virkenntnisser néideg; # wanns du selwer e Spiggelreflex-Fotoapparat hues, ass dat secher vu Virdeel. Dëst as ewer nit onbedingt noutwendig fir dës Optioun kënnen matzemachen. Mer hun och 2 Apparater an der Schoul;
# dës Optioun ass fir all Schüler vun 3e bis 1ère op; # dës Optioun kann all Schüler nëmmen 1 mol matmaachen; # d'Bewertung gëtt gemeet op d’Qualitéit vun de Fotoen an d’Emsetzung vun de verschidden Techniken déi mer mateneen gesin hunn;
# e Maximum vun 10 Schüler ass zougeloss. Wanns du nach Froen hues, da maach mer einfach e Mail op [email protected].
Du wëlls kache léieren oder kanns et schonn a wëlls nach besser gi wéi s du scho bass?
à Am Kachcours léiers du mat frësche Liewensmëttel, ouni zevill Zäit ze verléieren, gutt an ofwiesslungsräich kachen.
Du léiers :
- D’Basis vun der Kiche kennen - D’Organisatioun an a ronderëm d’Kichen - D’Hygiène an der Kichen - D’Liewensmëttel richteg behandelen a stockéieren - E Plat préparéieren - A wann dat alles gutt gaangen ass, kënnt dir e gutt Iesse genéissen J - A ganz zum Schluss gëtt zesumme gespullt a geraumt
Evaluatioun:
Evaluéiert gëtt d’Matschaffen am Grupp während den eenzele Stonnen: Organisatioun, Zesummenaarbecht, Propretéit bei der Aarbecht, Eegeninitiativ, Resultat um Teller.
Maximal 12 Schüler vun 2e an 3e
Luc Gansen
« OPTION SPORT »
Professeurs : KRIEPS, Thierry & HEINTZ, Jessie
Duerch d’Confinement dat lescht Schouljoer konnt de geplangte
Kitestage zu Büsum mat Kitecity net duerchgefouert ginn, aus dem
Grond ass déi 1. Aktivitéit vun dësem Schouljoer ee Kitestage den
obligatoresch fir déi 16 Kandidate vum 19.09 – 26.09 ass.
An der Optioun Sport stinn d‘nächst Joer 2 grouss Schwéierpunkten um Programm:
Sportpraxis dëst Schouljoer
(1) Kiten
(2) Traditionell an Trendsportaarten
(3) Training fir den Eignungstest (Bsp: Köln...)
"Sport a Lëtzebuerg"
(1) COSL an ENEPS:
Visitten an Interviews - Olympia a Spiller vun de klengen Länner
(2) Projeten a Lëtzebuerg - kritesch ënner d'Lupp huelen
Selwer ee Projet op d'Been stellen zum Thema
"Sport a Gesondheet"
(3) Participatioun un Eventer ewéi de Broschtkriibslaf/Relais pour la vie...
"De Sportarten op der Spuer"
(1) Sportgeschicht:
Wéi sinn d'Sportaarten entstaanen?
"back to the roots" oder Trendsportaarten?
(2) Sportpsychologie:
Wéi een Afloss huet Psych op meng Leeschtung?
(3) Sportpraxis:
Reegelen am Sport an hir Ëmsetzung
Tourismus & Hotellerie Zu Lëtzebuerg an an Europa
Wéi eng Beruffer ginn et eigentlech an de Sekteuren Tourismus & Hotellerie? Oder weess du wat en Econome an engem Hotel ass?
Zesumme kucke mir eis ganz vill verschidden Thematiken un, stellen
Hoteller an Destinatioune vir (national an europäsch).
Weess du wéi eng Tourismus- an Hotellabelen et national an europäesch gëtt a fir wat se stinn? Hues du nach den Duerchbléck?
Wéi beaflossen d‘Sozial Medien den HORESCA Secteur? Tripadvisor,
Booking, Expedia, etc – Seegen oder Fluch?
Ass Vakanz man nom COVID19 nach d’selwecht oder mache mir erëm méi Vakanz doheem? Wat géifs du als Tour-Operator vu
muer zesummestelle fir Lëtzebuerg ze besichtegen?
Wéi s du gesäis, en Thema deem keng Grenze gesat sinn!
Bis geschwënn an der Optioun “Tourismus & Hotellerie”!
MEYER Simone
Label-Zalot?
Produktioun vun engem Hörspill
Wer fühlen will muss hören!
Beschreiwung Proffen: Daniel Balthasar, Gilbert Klee
Mir produzéieren en Hörspill fir Jugendlecher, quasi Erwuessener. Fir hei net mussen groussaarteg Text ze liesen, géi einfach op de WebSite vun der Schoul, wiel Hörspiller am Menu Médias (https://www.alr.lu/medias/livres-audio). Do fënns du d'Hörspill 'AAAARRRGH! de blanne Passagéier', dat mir fir de Radio ARA produzéiert haten. Lauschter do eran, da kanns du dir ganz gutt virstelle wat sech maache léist: einfach alles!
Zu der Produktioun vun engem Hörspill duerchlafe mir folgend Etappen:
• Geschicht erfannen a Skript mat Dialoger schreiwen a Geräischer definéieren. D'Sprooch kënnen d'Schüler bestëmmen
• Hörspill mat de Spriecher viru Mikroe ophuelen • Zesummeschneiden vun der Opnahm a mat Hannergronngeräischer a Spezialeffekter vertounen • Cover fir CD erstellen • CDë printe loossen (si kënnen och an de Verkaf goen) • Hörspiller online verëffentlechen, villäicht och um ALR on Stage
Organisatioun • Fir 3e/2e/1e • Maximal Unzuel vu Schüler: 10 • Raum: Studio ALR
Couture
ARTBitzen op der Bitzmaschinn
Vum Stoff zum fäerdege Produit! An dëser Optioun fäerdegs du perséinlech Objeten aus Stoff un, wéi Schal, Beanie, T-Shirt, Etui, Rucksak, Jumpsuit a.s.w.
Du léiers wéi een Stoff unhand vun enger Schabloun zurechtschneid, zesummeleet an op der Bitzmaschinn zesummebitzt. max. 12 Schüler Elaine Schintgen