View
263
Download
0
Category
Preview:
Citation preview
Versioun: C.H. 02/2015
Communiqué de presse
D'ACEN -‐ Association des Chargés de l'Enseignement National – seet all senge Wieler bei de
Sozialwahle villmools Merci an ass erfreet iwwert ee ganz staarkt Resultat an ee kloert Zeechen
un d‘ Politik an déi aner Gewerkschaften aus dem Enseignement, dat mat dëse Wahle gesat
gouf.
Mat 16,3% huet d’ACEN ganz kloer eng Majoritéit fir zukünfteg een neie Wand am Ëmgang mat
den Employéen an eise Schoulen ze verlaangen! Hätten d’Employéen eng demokratesch
Respresentatioun an der Sozialkummer, dann hätt d’ACEN esouguer ee Sëtz misste kréien!
D’Resultat vun der ACEN ass ee kloert Zeechen, datt d’Chargéen sech selwer respresentéiere
wëllen, an datt et elo un der Regierung ass, hiren Aussoen nozekommen, a fir eng nei a fair
Politik an eise Schoulen ze suergen.
D’ACEN krut eng méi wéi zefriddestellend Bestätegung fir déi gewerkschaftlech onoofhängeg
Aarbecht vun de leschte Méint, a mir si stolz manner wéi ee Joer no der Grënnung esou ee gutt
Resultat virweisen ze kënnen an direkt zweetstäerkst Kraaft bei den Employéë ginn ze sinn.
Mir soen all eise Wieler Merci fir dat grousst Vertrauen!
De Comité vun der ACEN
Recommended